D'Mobbing asbl (Lëtzebuergesch Vereenegung géint de Mobbing a Stress op der Aarbechtsplaz) gouf 2001 vun der Mme Monique BREISCH, Herrn Lex BREISCH an Dr. Carlo STEFFES gegrënnt. Sie ass d'Ergebnis enger Campagne zur Verhënnerung vun Mobbing säit 1998.
D'Mobbing asbl gouf an Zesummenaarbecht mat der Gewerkschaft LCGB an der Eisebunnsgewerkschaft Syprolux gegrënnt an ab 2003 vum Ministère du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire ënner Vertrag geholl.
De Begrëff "Mobbing" ass ofgeleet vum Engleschen "to mob" an bedeit belästegen, attackéieren, kritiséieren.
No der Konventioun vum 25. Juni 2009 iwwer Mobbing a Gewalt op der Aarbecht, deklaréiert vun der allgemenger Verflichtung vum Groussherzogleche Reglement vum 15. Dezember 2009, entsteet Mobbing wann eng Persoun, engagéiert vun der Firma, falsch, widderholl a bewosst Akten géint en Aarbechter oder Virgesetzten ausübt, dei folgend Ziel oder Effekt huet:
Firwat a wéi kann Mobbing entstoen?
D'Grënn fir Mobbing kënnen organisatoresch oder individuell sinn. Allerdéngs entsteet e Fall seelen eleng mee et ass dacks eng Mëschung aus verschiddene Grënn.
Als Patron vun enger Firma, kennt dir nemmen profiteieren, wann dir eviteiert, dass Mobbing an ärer Firma opkennt. Wann dir en gesond Aarbechtsklima hutt, profiteiert jidwereen dovun:
All déi uewe genannte Punkte feieren dozou, dass d‘Rentabilitéit vun der Firma eropgeet.
Dir wësst net op et sech bei ärer Situatioun em Mobbing handelt? Maacht den Test.
Dir wësst et schonn an wësst awer net wei dir sollt mat der Situatioun ëmgoen? Handlungsmëttel vir Mobbing-Affer
Hei fannt dir nach wieder Dokumenter déi iech kennen weiderhëllefen.
Ouverture:
LU-VE: de 8h00 à 16h00
seulement sur rendez-vous
64, avenue de la Liberté
L-1930 Luxembourg
B.P. 2617 L-1026 Luxembourg
TEL. +352 28 37 12 12
MAIL: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.