Servicer
Individuell Konsultatiounen
Mobbing asbl bitt jiddwerengem, deen en Aarbechtskontrakt huet, egal ob e permanenten (CDI) oder zäitlech begrenzten Kontrakt (CDD), eng Hëllef géint Mobbing a Stress op der Aarbecht.
Formeiert Beroder sinn fir iech verfügbar a ënnerleien dem Beruffsgeheimnis.
E verständleche Accueil an eng Ënnerstëtzung an ären Demarchen ass garantéiert.
Absolutt Diskretioun wat d'Verbreedung vun Informatiounen un all drëtt Persoun ugeet.
A jiddwer Fall ass d'Anonymitéit d'Reegel. Keen Numm a kee Fakt gëtt ouni d'Autorisatioun vun der betraffener Persoun verëffentlecht.
Prozedur fir eng individuell Berodung:
- Konsultatioun nëmmen op Rendez-vous
- Dauer vun enger Konsultatioun: maximal 1 Stonn
- am Fall vu Mobbing gëtt en Dossier opgemaach
- Dokumenter déi fir de Rendez-vous matzebréngen sinn:
- Kopie vum Aarbechtskontrakt
- detailléiert chronologesche Rapport vun de Fakten (Hei kennt dann en Link dobäi direkt op d'Struktur vum chronologesche Bericht)
- Beweiser: Bréiwer, E-Mailen, SMSen, asw. (wann dir eppes hutt)
- Vir d'Konsultatioun faalen Käschten un
- wann dir verhënnert sidd, annuléiert 24 Stonnen am Viraus, soss kritt dir den Rendez-vous verrechent
Duerno:
- Analyse vum Dossier
- Mat der Zoustëmmung vum Client gesäit d'Prozedur vir, e Wee ze fannen deen dem Client seng Bedierfnesser ugepasst ass, sief et eng individuell Consultatioun, eng psychologesch Ënnerstëtzung oder eng Weidervermëttelung un aner Servicer (z.B. Affekot/Gewerkschaft oder anerer).
Fäll déi d’Mobbing asbl net behandelt:
- Fäll betreffend Aarbechtsrecht. Wend iech un eng Gewerkschaft oder en Affekot.
- Fäll betreffend Mobbing tëscht Schüler oder Studenten. Déi lescht oder hiren Erzéiungsberechtegte muss an déi betreffend Zentre goen. Dir fannt déi entspriechend Links an der Rubrik Team dann Nëtzlech Adressen.
Wann dir na weider Froen hutt, kontaktéiert eis
Dokumenter
IPCD
Zënter Januar 2022 offréiert d'Mobbing asbl en neie Service mam Numm IPCD (Intervention Psychologique de Courte Durée) fir all Persoun, déi d’Associatioun kontaktéiert an déi sech a psychologeschen an/oder psychosomateschen Nout befënnt.
D'Zil vum IPCD:
- Spannungen a psychologescht Leed léisen,
- Begleedung,
- Entwécklung vun Tools fir mat der Situatioun ëmzegoen,
- Präventioun oder Reduktioun vu sozialer Ausgrenzung an Isolatioun, Beruffsonfäegkeet a souguer Suizidgedanken.
Prozedur fir eng IPCD Konsultatioun:
- Konsultatioun nëmmen op Rendez-vous,
- Dauer vun enger Konsultatioun: 50 Minutten,
- Vir d'Konsultatioun faalen Käschten un
- wann dir verhënnert sidd, annuléiert 24 Stonnen am Viraus, soss kritt dir den Rendez-vous verrechent
Mobbing asbl kann maximal 6 Sëtzungen garantéieren. No de 6 Sessiounen an no der Bewäertung vum klineschen Psycholog kann en déifgräifend Suivi no de Besoine vum Client ugebuede ginn.
Am Moment ass dëse Service nëmmen op Franséisch, Englesch a Portugisesch verfügbar.
Formatioun an Konferenz
Mir bidden Formatiounen un fir:
Den Kader / Ressources humaines / Delegatiounvun 4 Stonnen mat Dokumentatioun.
Sensibiliséierungsformatioun fir d'Responsabelen vun der Entreprise
"Mobbing op der Aarbecht - Verhënneren - Opdecken - Reagéieren"
Präis: 175,00 Euro pro Persoun (d'Unzuel vun der Participanten ass begrenzt. Minimum 6 Persounen maximum 12 Persounen)
Mir bidden Konferenzen un fir:
Mataarbechter / verschidden Departementer / Firmavun 2 Stonnen.
Den Ënnerscheed tëscht Konflikt a Mobbing. Wéi agéieren ech, schützen mech a wou kann een Hëllef sichen?
Präis: 750,00 Euro
All Formatioun a Konferenz ass un déi jeeweileg Besoinen an un d'Nofro ugepasst.
Zéckt net eis fir zousätzlech Froen ze kontaktéieren.