Skip to main content

Mobbing

Geschicht

De g. à d. : Dr Carlo STEFFES, Mme Monique BREISCH,  M. Lex BREISCH.

De g. à d. : Dr Carlo STEFFES, Mme Monique BREISCH, M. Lex BREISCH.

De Mobbing muss an all sengen Aspekter bekämpft ginn

Zënter 1998, kennt d‘Mobbing asbl aus enger Mobbing-Präventiouns-Campagne ervir.

1999 ass deen éischten Büro, fir Affer vu psychologescher Belästegung opzefänken an hinne ze hëllefen, opgaangen.

2001 gouf d‘Mobbing asbl (Lëtzebuerger Associatioun géint Mobbing a Stress op der Aarbecht) vun der Madamm Monique BREISCH, dem Här Lex BREISCH an dem Dokter Carlo STEFFES an an Zesummenaarbecht mat den Gewerkschaften LCGB an Syprolux gegrënnt.

2002 gouf deen éischte Gesetzprojet lancéiert.

Zënter 2003, ass d‘Mobbing asbl vum Aarbechtsministère, der Beschäftegung an der Sozial- a Solidarwirtschaft konventionéiert.

Bis 2006 huet d'Mobbing asbl nëmme mat fräiwëllege Consultante geschafft, eréischt 2006 ass den éischten Employé agestallt ginn.

Am Joer 2009 gouf en Konventioun iwwer Mobbing a Gewalt op der Aarbecht vun de Gewerkschaften OGB-L an LCGB an vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL) ënnerschriwwen, fir d'Sensibiliséierung ënnert den Ugestallten, Patronen an Ressources Humaines z'erhéijen. Dëst huet eng méi grouss Nofro fir Konferenzen an Formatiounen vun den Entreprisen bei der Mobbing asbl ausgeléist.

Wärend dem Joer 2016 gouf d‘Mobbing asbl onofhängeg vun all den Gewerkschaften.

Zënter 2017 schafft Mobbing asbl net méi mat Bénévolen mee mat agestallte Beroder.

Am Dezember 2019 huet Direktioun geännert. De Poste vun der Direktesch ass vun der Madamm Monique BREISCH un d‘Madamm Magdalena MIDA gaangen.

D‘Mobbing asbl ass politesch neutral a verfügbar fir jiddwereen (Affer, Harceleur, Patron, asw.), deen Hëllef am Beräich vun Mobbing a Stress op der Aarbecht brauch.

De Verwaltungsrot besteet aus professionelle Membere aus dem soziale Beräich, wéi zum Beispill Experten wéi Psychologen, Dokteren an Affekoten.

Dokumenter