Skip to main content

Have a Tea with the Mobbing asbl

Have a Tea with the Mobbing asbl
La semaine de la Santé Mentale organiséiert vun D'Ligue fënnt dëst Joer vum 10. bis de 16. Oktober 2022 statt. D’Mobbing asbl ass frou hir Participatioun un dëser Woch matzedeelen an invitéiert Iech op en "Téi mat der Mobbing asbl" vun 17.30 bis 19.30 Auer am KAALE KAFFI am Zentrum vu Lëtzebuerg.
 
@ Kaale Kaffi - 9 rue de la Boucherie, 1247 Luxembourg
 
Dëst Evenement gëtt eis d'Méiglechkeet Iech ze treffen a verschidde Gespréicher iwwer Mobbing op der Aarbechtsplaz ze hunn. Als Gaaschtspriecher wäert Madamm Claire-Lise BACKES iwwer hir Erfarungen beriichten a wéi se hiert aktuellt Beruffsliewen beaflosst hunn.
 
All Persoun déi zu Lëtzebuerg schafft ass invitéiert op dësem Event deelzehuelen, keng Umeldung erfuerderlech!