Skip to main content

Charte de Diversité

Charte de Diversité

D’Mobbing asbl freet sech ee vun de Signataire vun der Charte de la Diversité Lëtzebuerg ze sinn!

D'Charte de Diversité ass eng Initiative vun IMS Luxembourg fir en Netz vun Entreprisen ze bilden, déi sech fir nohalteg Entwécklung a sozial Verantwortung zu Lëtzebuerg engagéieren. D'Zil vun der Charta as D’Diversitéit ze fërderen andeems se eng méi inklusiv Aarbechtsplazkultur an Organisatiounen kreéieren.

D'Charta encouragéiert Organisatiounen Politiken a Praktiken z'adoptéieren, déi d‘Diversitéit an der lëtzebuerger Firmen fërdert. Duerch d'Ënnerschreiwe vun der Charta weisen d'Betriber hier Bereetschaft dass Si en integrativt Emfeld schaafen wellen, wou d’Leit aus verschiddenen Hannergrënn geschätzt a respektéiert ginn, onofhängeg vu Geschlecht, Alter, Behënnerung, ethnescher Hierkonft, Relioun oder sexueller Orientéierung.

Zousätzlech ginn d'Betriber encouragéiert fir d'Sensibiliséierung ze erhéijen an d'Ausbildung iwwer Themen am Zesummenhang mat der Diversitéit ze proposéieren, méi inklusiv d'Chancëgläichheet bei der Astellen an Carrièren Fortschrëtt ze garantéieren, d'Gläichgewiicht am Aarbechtsliewen ze fërderen an d'Diskriminéierung an d'Belästegung ze verhënneren.